Wéi kann een deelhuelen?
PARTICIPATIVE BUDGET: WAT SINN D'VIRAUSSETZUNGEN, FIR DËSER INITIATIV BÄIZETRIEDEN?
Wie kann e Projet areechen?
Dir sidd op d’mannst 14 Joer aal a wunnt zu Diddeleng? Dir sidd eng Associatioun vun der Stad Diddeleng? De participative Budget riicht sech un Iech. Egal, ob Dir en individuellen oder kollektive Projet hutt, Dir kënnt eis en areechen. Beuecht awer, datt nëmmen ee Projet pro Persoun/Grupp Persounen/Associatioun autoriséiert ass.
Areechungsmodalitéiten?
Fir un dëser Initiativ deelzehuelen, ginn et zwou Méiglechkeeten:
- Gitt op d’Plattform jeparticipe.dudelange.lu mellt Iech un a fëllt den Onlineformulaire aus.
- Gitt op d’Diddelenger Gemeng oder an de VEWA (Site NeiSchmelz): Do kënnt Dir e Formulaire ënner Pabeierform ausfëllen an en an eng Urn geheien, déi fir de participative Budget virgesinn ass.
Zu wat fir engen Theeme kënne Projeten agereecht ginn?
Ëmwelt a Liewensëmfeld, Urbanismus, Mobilitéit, Kultur, Patrimoine an Digitales, Soziales a Solidaritéit, Educatioun a Kanner, Jugend a Sport, aner Gemengekompetenzen ... Dat sinn déi zoulässeg Theemeberäicher, an deenen e Projet fir d’Verbesserung vum Liewensëmfeld agereecht ka ginn.