Wiesselt op den Haaptinhalt
Leider kënnt Dir net méi un dësem Projet deelhuelen well en archivéiert gouf en well e gouf archivéiert

BUDGET PARTICIPATIF 2024

Léif Diddelengerinnen an Diddelenger

De Buergermeeschter- a Schäff*innerot invitéiert Iech ganz häerzlech fir eng nei Editioun vum Budget Participativ. Dës Initiative, ee Symbol vun eisem gemeinsame Wonsch, d’Bierger*innebedeelegung zum Liewen ze erwächen, huet scho Friichte gedroen. Dank Iech goufen nämlech fënnef villverspriechend Projete selektionéiert, déi eist deeglecht d’Liewen zu Diddeleng verschéineren a beräicheren.

Duerch dëse Succès wëlle mer dës Erfarung widderhuelen a sinn dovun iwwerzeegt, dass Ären Engagement déi dreiwend Kraaft hannert deene positiven Entwécklunge vun eiser Stad ass. Mat dësem neien Opruff fir Är Projeten, invitéiere mer Iech Är Iddien an Är Visioune fir een innovatiivt Liewensëmfeld mat eis ze deelen. Ob Dir scho bei der viregter Editioun matgemaach hutt oder dës Initiative fir d’éischte Kéier entdeckt, maache mer een Appell un Iech, matzemaachen. Är Participatioun ass wichteg. All Iddi zielt, all Stëmm kann een Ënnerscheed maachen.

Elo ass et un Iech! Maacht mat bei dëser neier Editioun vum Budget Participativ a gestalt zesumme mat eis d’Zukunft vun eiser Stad. Wie weess besser wéi Dir, wat Diddeleng brauch?

De Buergermeeschter- a Schäff*innerot

Dan Biancalana, Buergermeeschter

Loris Spina, Josiane Di Bartolomeo-Ries, René Manderscheid, Claudia Dall‘Agnol, Schäff*innen

Dir gesitt Echtzäitdaten. D'Zuel vun de Participanten gëtt kontinuéierlech fir Administrateuren aktualiséiert. Notéiert w.e.g. datt regelméisseg Benotzer cachedaten gesinn, wat zu liicht Differenzen an den Zuelen resultéiere kann.
228 Participanten

Phasen

Iwwersiicht vun de Phases
Phas 1: Areeche vun de Projeten
Areeche vun de Projeten
Phas 2: Machbarkeetsanalyse
Machbarkeetsanalyse
Phas 5: Publikatioun vun den Diddelenger*innen gewielte Projeten
Publikatioun vun den Diddelenger*innen gewielte Projeten
Phas 6: Ëmsetzung vun Projeten
Ëmsetzung vun Projeten

Publikatioun vun den Diddelenger*innen gewielte Projeten

17. Dezember 2024 - 1. Januar 2025

Hei fannt Dir d'Projeten, déi de Vott gewonnen hunn an 2025 emgesaat ginn.

Projeten déi vun den Diddelenger*inne gewielt goufen

1. Fitnessparcours um Ginzebierg

Budget: 50.000 €

103 Stëmmen

Fitness-Statioune fir Sport a Natur ze verbannen an d’Gesondheet vun alle Bierger*innen ze fërderen.

2. Eng Stëmm fir d’Natur. Eng Stëmm fir eis all. 

97 Stëmmen

Eng nohalteg Campagne, déi iwwert den Impakt vum Offall an der Natur sensibiliséieren an opkläre soll.

Budget: 20.000 €

3. Equilibréiert Molzechten

Budget: 10.000 €

94 Stëmmen

Eng Charte déi zesumme mat eise lokale Restauranten ausgeschafft gëtt, fir de Schüler*innen gesond an equilibréiert Moolzechten ze offréieren.

4. Babbelbänk am Duerf

85 Stëmmen

Eng Bänk fir zesummen ze diskutéieren am Häerz vun der Stad, fir Generatioune méi no beieneen ze bréngen a géint d’Elengsi virzegoen.

Budget: 9.000 €

5. Kompostsammelstellen am ëffentlëche Raum

Budget: 15.000 €

79 Stëmmen

Opriichte vu Kompostéierungsplazen am ëffentleche Raum am Stadzentrum, fir organeschen Offall efficace ze entsuergen an nohalteg Methoden ze fërderen.

Duerch Är Stëmmen gi 5 Projeten 2025 ëmgesaat.

Dir macht et méiglech, dass 104.000 € an déi Initiativen investéiert ginn.

Mir soen Iech e grousse Merci, fir Är Bedeelegung an Är wertvoll Stëmmen, déi weisen, wéi staark de Wonsch no Matgestaltung an eiser Stad verankert ass.

Zesumme gestalte mir Diddeleng vu muer!