
BUDGET PARTICIPATIF 2024
Léif Diddelengerinnen an Diddelenger
De Buergermeeschter- a Schäff*innerot invitéiert Iech ganz häerzlech fir eng nei Editioun vum Budget Participativ. Dës Initiative, ee Symbol vun eisem gemeinsame Wonsch, d’Bierger*innebedeelegung zum Liewen ze erwächen, huet scho Friichte gedroen. Dank Iech goufen nämlech fënnef villverspriechend Projete selektionéiert, déi eist deeglecht d’Liewen zu Diddeleng verschéineren a beräicheren.
Duerch dëse Succès wëlle mer dës Erfarung widderhuelen a sinn dovun iwwerzeegt, dass Ären Engagement déi dreiwend Kraaft hannert deene positiven Entwécklunge vun eiser Stad ass. Mat dësem neien Opruff fir Är Projeten, invitéiere mer Iech Är Iddien an Är Visioune fir een innovatiivt Liewensëmfeld mat eis ze deelen. Ob Dir scho bei der viregter Editioun matgemaach hutt oder dës Initiative fir d’éischte Kéier entdeckt, maache mer een Appell un Iech, matzemaachen. Är Participatioun ass wichteg. All Iddi zielt, all Stëmm kann een Ënnerscheed maachen.
Elo ass et un Iech! Maacht mat bei dëser neier Editioun vum Budget Participativ a gestalt zesumme mat eis d’Zukunft vun eiser Stad. Wie weess besser wéi Dir, wat Diddeleng brauch?
De Buergermeeschter- a Schäff*innerot
Dan Biancalana, Buergermeeschter
Loris Spina, Josiane Di Bartolomeo-Ries, René Manderscheid, Claudia Dall‘Agnol, Schäff*innen
Phasen
Ofstëmmung
Et ass Zäit ze wielen!
Hei sinn déi 6 Projeten, fir déi Dir stëmme kënnt.
Iech stinn 100.000 € zu Verfügung, déi Dir op déi verschidde Projeten opdeele kënnt, bis de Budget opgebraucht ass.
Wichteg: D'Projete goufe separat an déi jeweileg Sproochen iwwersaat a sinn am Unhang vun de Projeten ze fannen.
Resultater
Finale Resultater
166
Leit hir Budgeten online ofginn






