Wiesselt op den Haaptinhalt
Leider kënnt Dir net méi un dësem Projet deelhuelen well en archivéiert gouf en well e gouf archivéiert

BUDGET PARTICIPATIF 2024

Léif Diddelengerinnen an Diddelenger

De Buergermeeschter- a Schäff*innerot invitéiert Iech ganz häerzlech fir eng nei Editioun vum Budget Participativ. Dës Initiative, ee Symbol vun eisem gemeinsame Wonsch, d’Bierger*innebedeelegung zum Liewen ze erwächen, huet scho Friichte gedroen. Dank Iech goufen nämlech fënnef villverspriechend Projete selektionéiert, déi eist deeglecht d’Liewen zu Diddeleng verschéineren a beräicheren.

Duerch dëse Succès wëlle mer dës Erfarung widderhuelen a sinn dovun iwwerzeegt, dass Ären Engagement déi dreiwend Kraaft hannert deene positiven Entwécklunge vun eiser Stad ass. Mat dësem neien Opruff fir Är Projeten, invitéiere mer Iech Är Iddien an Är Visioune fir een innovatiivt Liewensëmfeld mat eis ze deelen. Ob Dir scho bei der viregter Editioun matgemaach hutt oder dës Initiative fir d’éischte Kéier entdeckt, maache mer een Appell un Iech, matzemaachen. Är Participatioun ass wichteg. All Iddi zielt, all Stëmm kann een Ënnerscheed maachen.

Elo ass et un Iech! Maacht mat bei dëser neier Editioun vum Budget Participativ a gestalt zesumme mat eis d’Zukunft vun eiser Stad. Wie weess besser wéi Dir, wat Diddeleng brauch?

De Buergermeeschter- a Schäff*innerot

Dan Biancalana, Buergermeeschter

Loris Spina, Josiane Di Bartolomeo-Ries, René Manderscheid, Claudia Dall‘Agnol, Schäff*innen

Phasen

Iwwersiicht vun de Phases
Phas 1: Areeche vun de Projeten
Areeche vun de Projeten
Phas 2: Machbarkeetsanalyse
Machbarkeetsanalyse
Phas 5: Publikatioun vun den Diddelenger*innen gewielte Projeten
Publikatioun vun den Diddelenger*innen gewielte Projeten
Phas 6: Ëmsetzung vun Projeten
Ëmsetzung vun Projeten

Areeche vun de Projeten

29. Abrëll 2024 10:00 PM - 7. Juni 2024 10:00 PM

Wärend dëser Phase ginn d’Awunner*inne vun Diddeleng opgefuerdert, Projete fir de Budget Participatif ze proposéieren.

Wat ass ee Projet?

Ee Projet ass eng konkret Iddi, déi Dir wëllt ëmsetzen an déi entweder op engem Besoin, engem Wonsch oder engem Dram baséiert. Fir dëse Projet ze realiséieren, ass ee bestëmmte Budget néideg, den aus dem Budget Participatif ka stamen. D’Projete ginn iwwert dës Plattform agereecht a mussen an de Kompetenzberäich vun der Gemeng falen. Fir ee Projet am Kader vum Budget Participatif anzereechen, sollt Dir drop oppassen, dass en effektiv ka realiséiert ginn an dozou bäidréit, d’Liewen an eiser Gemeng ze verbesseren. Déi verschidde Konditioune ginn op der Säit vum Budget Participatif méi genee beschriwwen. Iwwert dës Säit kënnt Dir Är Iddien och direkt areechen. Är Participatioun un der Ëmsetzung vum Projet ass wënschenswäert awer net obligatoresch.

Firwat soll ech ee Projet op dëser Plattform virschloen?

Op der Plattform vun der Bierger*innebedeelegung kënnt Dir direkt Projete fir de Budget Participatif proposéieren, déi automatesch un déi zoustänneg Departementer viru geleet ginn. D’Plattform gouf entwéckelt, fir d’Bierger*innebedeelegung ze erliichteren an en direkten Dialog mat der Gemeng ze fërderen. Donieft erméiglecht d’Plattform an enger spéiderer Phase fir iwwert déi ausgewielte Projeten ofzestëmmen, fir déi Projeten auszewielen, déi dono ëmgesat ginn.

Wéi muss dee Projet opgebaut sinn?

Wann Dir Äre Projet ausschafft, sollt Dir follgend Punkte respektéieren. Wat d’Qualitéit vun engem Projet méi héich ass, wat d‘Chancë besser sinn, dass de Projet zum Vote gestallt gëtt. Stellt sécher, dass Äre Projet déi virgeschriwwe Krittären erfëllt.


  • de Projet muss um Territoire vun der Gemeng sinn an eng ëffentlech Plaz betreffen (eng Strooss, ee Quartier, ee Gebai, ee Monument, ee Park, eng Plaz oder déi ganz Stad)
  • fir jidderee fräi a gratis accessibel sinn
  • vun allgemengem Interessi sinn
  • an de Kompetenzberäich vun der Gemeng falen
  • sech op d’Investitiounsdepensen bezéien
  • de Projet duerf keng Betribskäschte (Déngschtleeschtungen, Personalkäschten) mat sech bréngen, déi iwwert de lafenden Entretien erausginn an duerf och net de Kaf vun Terrainen oder Raimlechkeeten erfuerderen
  • e muss technesch a juristesch ze realiséiere sinn
  • en duerf net schonn an der Ëmsetzungs- oder Duerchféierungsphase sinn
  • en duerf de Montant vun 100.000€ net depasséieren
  • de Projet duerf net Objet vun enger finanzieller Remuneratioun fir den Initiateur, d’Initiatrice oder seng/hir Organisatioun sinn (Intressekonflikt)
  • de Projet duerf net Diffamatoresch oder Diskriminéierend sinn
  • d’Nohaltegkeet respektéieren
  • Huelt Iech genuch Zäit, fir Äre Projet am Detail auszeschaffen. Verfaasst eventuell een Entworf a kopéiert dësen dono op d’Plattform, soubal Dir prett sidd.
  • Wielt een uspriechenden Titel, den däitlech mécht, wat Äre Projet ëmfaasst.
  • Illustréiert Äre Projet: Dir kënnt Videoen oder Fotoen, Beispiller un deenen Dir Iech inspiréiert hutt, technesch Detailer oder Pläng uspéngelen.
  • Maacht eng Estimatioun fir de Budget, dee fir Äre Projet néideg ass.

29 Projeten

Doris de Paoli2 years ago
Total Likes: 9, Total Dislikes: 0
2 Kommentaren
NET RECEVABEL
Georges Lahr2 years ago
Total Likes: 8, Total Dislikes: 0
GEWIELTE PROJET
Sarah Scholtes2 years ago
Total Likes: 7, Total Dislikes: 2
1 Kommentar
FIR DE VOTT ZOUGE...
David Mahnen2 years ago
Total Likes: 3, Total Dislikes: 0
GEWIELTE PROJET
Total Likes: 3, Total Dislikes: 1
1 Kommentar
NET ËMSETZBAR
Total Likes: 5, Total Dislikes: 3
1 Kommentar
GEWIELTE PROJET
Nazha Salami2 years ago
Total Likes: 2, Total Dislikes: 2
NET RECEVABEL
Sergey Fedorov2 years ago
Total Likes: 2, Total Dislikes: 2
NET ËMSETZBAR

Filteren

Gesamtzuel Bäiträg: 29
Et gi 29 Projeten verfügbar.

Sortéierung geännert op: Trending

Ausgewielt null Themefilter.
Ausgewielt null Themefilter.