Wiesselt op den Haaptinhalt
Leider kënnt Dir net méi un dësem Projet deelhuelen well en archivéiert gouf en well e gouf archivéiert

Séance vum Bierger*innerot - 19/11/2024

Zweemol am Joer treffen sech 15 bis 20 Diddelenger Awunner*innen, déi nom Zoufallsprinzip aus dem Regëster fir natierlech Persounen (RNPP) ausgewielt ginn. Si representéieren d’Diversitéit am Bezuch zum Alter, Geschlecht, Quartier an Nationalitéit an diskutéieren iwwer ee spezifesch lokale Sujet. No engem Echange mat Experten zum Sujet, identifizéieren si Problemer a Léisungen. Hier Propositioune ginn dann un déi Gemengeresponsabel a Form vun engem Rapport iwwermëttelt an op jeparticipe.dudelange.lu publizéiert.


Dir gesitt Echtzäitdaten. D'Zuel vun de Participanten gëtt kontinuéierlech fir Administrateuren aktualiséiert. Notéiert w.e.g. datt regelméisseg Benotzer cachedaten gesinn, wat zu liicht Differenzen an den Zuelen resultéiere kann.
20 Participanten

Phasen

Iwwersiicht vun de Phases
Phas 1: Opruff fir deelzehuelen
Opruff fir deelzehuelen
Phas 2: Séance vum Bierger*innerot
Séance vum Bierger*innerot
Phas 3: Suivi vun der Séance a Virschléi
Suivi vun der Séance a Virschléi

Opruff fir deelzehuelen

9. Oktober 2024 - 9. November 2024

Wärend der Phas vum Opruff fir deelzehuelen, gëtt de Bierger*innerot op Basis vun den Äntwerte vun den invitéierte Bierger*innen zesumme gesat. Donieft kënnen sech och d’Membere vum Bierger*innepanel fräiwëlleg mellen, fir um Bierger*innerot ze participéieren. 

Biergerrotssëtzung vum 19.11.2024

20 partizipanten

Mellt Iech un, fir un der Seance vum Bierger*innerot en Dënschdeg, den 19. November 2024 am Kulturzentrum opderschmelz deelzehuelen. D’Seance fänkt um 19:00 Auer un.

 

D’Thema ass: „Gestalt Är Biergerbedeelgung vu muer mat!“