
BIERGER*INNEROT 2026
De Benevolat zu Diddeleng
D’Stad Diddeleng wëll d‘Realitéite vum Benevolat zu Diddeleng besser verstoen.
Vill Associatiounen an Initiative sinn op dat fräiwëllegt Engagement vun de Bierger*innen ugewisen.
Fir zesummen iwwert Zukunft vum dësem Engagement ze diskutéieren, organiséiert Stad Diddeleng e Bierger*innerot zum Thema „Benevolat“.
Zoufälleg ausgewielten Awunner*inne ginn invitéiert, fir hir Erfarungen, Observatiounen an Iddien ze deelen a sou konkret Weeër ze identifizéieren, fir dat fräiwëllegt Engagement zu Diddeleng ze ënnerstëtzen an ze stäerken.
Praktesch Informatiounen
📅 Dënschtes, de 5. Mee 2026
🕕 de 18h00 à 20h00
📍Biz Coffee Roasters, Diddeleng
Fir matzemaachen, muss ee sech am Viraus aschreiwen.
Phasen
PUBLIKATIOUN VUM RAPPORT
Den ofschléissende Rapport gëtt hei op der Plattform publizéiert, fir d'Transparenz vum Prozess ze garantéieren an d'Konklusiounen vum Bierger*innerot allen Awunner*innen zougänglech ze maachen.
Bevirstoend oder lafend Evenementer
Vergaangen Evenementer

Event Datum: Mee 5., 2026 vun 18:00 Auer bis 20:00 Auer.
Biz Coffee Roasters
13 / 25 Umeldungen
