Wiesselt op den Haaptinhalt

BIERGER*INNEROT 2026

De Benevolat zu Diddeleng

D’Stad Diddeleng wëll d‘Realitéite vum Benevolat zu Diddeleng besser verstoen.

Vill Associatiounen an Initiative sinn op dat fräiwëllegt Engagement vun de Bierger*innen ugewisen.

Fir zesummen iwwert Zukunft vum dësem Engagement ze diskutéieren, organiséiert Stad Diddeleng e Bierger*innerot zum Thema „Benevolat“.

Zoufälleg ausgewielten Awunner*inne ginn invitéiert, fir hir Erfarungen, Observatiounen an Iddien ze deelen a sou konkret Weeër ze identifizéieren, fir dat fräiwëllegt Engagement zu Diddeleng ze ënnerstëtzen an ze stäerken.


Praktesch Informatiounen

📅 Dënschtes, de 5. Mee 2026

🕕 de 18h00 à 20h00

📍Biz Coffee Roasters, Diddeleng

Fir matzemaachen, muss ee sech am Viraus aschreiwen.


Phasen

Iwwersiicht vun de Phases
Phas 2: SITZUNG VUM CONSEIL
SITZUNG VUM CONSEIL
Phas 3: REDAKTIOUN VUM RAPPORT
REDAKTIOUN VUM RAPPORT
Phas 4: PUBLIKATIOUN VUM RAPPORT
PUBLIKATIOUN VUM RAPPORT

REDAKTIOUN VUM RAPPORT

6. Mee 2026 10:00 PM - 31. Mee 2026 9:59 PM

An dëser Phas formaliséiere mir d'Elementer vun de Diskussiounen an de Conclusiounen, déi aus der Sëtzung vum Biergerrot entstane sinn.

No der Séance, gëtt e Rapport geschriwwen, deen dem Buergermeechter- a Schäff*innerot virgestallt gëtt.

D'Iddien a Recommandatiounen, déi virgeluecht goufen, bilden d'Basis fir eng méi breet ëffentlech Konsultatioun, déi an der Form vun engem Biergerpanel organiséiert gëtt.

D'Zil ass et, d'Meenungen, déi vum Bierger*innerot ausgedréckt goufen, mat de Meenungen vun enger méi grousser Unzuel u Awunner*innen ze vergläichen.

Evenementer

Vergaangen Evenementer

  • Event Datum: Mee 5., 2026 vun 16:00 Auer bis 18:00 Auer.

    Plaz

    Biz Coffee Roasters

    Registréiert

    13 / 25 Umeldungen