
BIERGER*INNEROT 2026
De Benevolat zu Diddeleng
D’Stad Diddeleng wëll d‘Realitéite vum Benevolat zu Diddeleng besser verstoen.
Vill Associatiounen an Initiative sinn op dat fräiwëllegt Engagement vun de Bierger*innen ugewisen.
Fir zesummen iwwert Zukunft vum dësem Engagement ze diskutéieren, organiséiert Stad Diddeleng e Bierger*innerot zum Thema „Benevolat“.
Zoufälleg ausgewielten Awunner*inne ginn invitéiert, fir hir Erfarungen, Observatiounen an Iddien ze deelen a sou konkret Weeër ze identifizéieren, fir dat fräiwëllegt Engagement zu Diddeleng ze ënnerstëtzen an ze stäerken.
Praktesch Informatiounen
📅 Dënschtes, de 5. Mee 2026
🕕 de 18h00 à 20h00
📍Biz Coffee Roasters, Diddeleng
Fir matzemaachen, muss ee sech am Viraus aschreiwen.
Phasen
INSCRIPTIOUNSPHAS
An dëser Phas kënnt Dir Iech fir den nächste Bierger*innerot umellen.
Wann Dir eng Invitatioun kritt hutt, kënnt Dir iech ganz einfach an puer Schrëtt iwwert d'Incriptiounsfeld hei driwwer umellen.
ℹ️ Braucht Dir Hëllef bei Ärer Umeldung?
Mir sinn do fir Iech ze hëllefen 💬
Dir kënnt eis um Telefon ënner +352 51 61 21 – 1 oder per E-Mail op democratie@dudelange.lu kontaktéieren.
Bevirstoend oder lafend Evenementer
Vergaangen Evenementer

Event Datum: Mee 5., 2026 vun 18:00 Auer bis 20:00 Auer.
Biz Coffee Roasters
13 / 25 Umeldungen
