
BIERGER*INNEROT DIDDELENG 2025 – ZESUMMEN IWWER KULTUR SCHWÄTZEN!
D’Stad Diddeleng invitéiert 20 zoufälleg ausgelousten Awunner*innen (RNPP), fir sech aktiv un der Zukunft vun der Kultur ze bedeelegen! De Bierger*innerot beschäftegt sech all Joers mat engem neien Thema.
2025 steet de Kulturentwécklungsplang (KEP) vun der Stad Diddeleng am Mëttelpunkt. D’Participantë kréien d’Méiglechkeet, direkt mat den Autor*innen vum KEP ze schwätzen an hir Perspektiven anzebréngen. Är Iddie kënnen hëllefen, de Plang un d’Besoine vun den Awunner*innen unzepassen!
🗓️ Dënschdes, 18. Mäerz 2025 – 18:30 bis 20:30
📍CCRD Opderschmelz, 1a, rue du Centenaire, L-3475 Dudelange
👉 Oflaf vum Owend:
- Echange mat den Autor*innen vum KEP
- Diskussioun an Aarbechtsgruppen
- Sammelen an Strukturéiere vun den Iddien fir de Kulturentwécklungsplang
🥪 Fir Gedrénks an eppes Klenges z’iessen ass gesuergt.
All d'Detailer fannt Dir am zweesproochegen Informatiounsblaat
(Franzéisch a Lëtzebuergesch)
Limite fir d'Inscriptioun :
14 Mäerz 2025
Phasen
Synthèse vun de Recommandatiounen
An den zwou Wochen no der Séance vum Bierger*innerot gëtt e Rapport mat de gesammelten Recommandatioune verëffentlecht.
📌 Bemierkung fir dës Editioun:
Well d’Iddien direkt an de Kulturentwécklungsplang (KEP) afléissen, deen nach an der Ausaarbechtung ass, gëtt dës Kéier eng verkierzte Versioun vun der Zesummefaassung publizéiert. Dës soll déi wichtegst Diskussiounsresultater transparent dokumentéieren.
De Bericht gëtt no der Verëffentlechung op der Plattform zougänglech gemaach.

RAPPORT VUM BIERGER*INNEROT
Sëtzung vum 18. Mäerz 2025
CCRD - opderschmelz
Dëse Rapport enthält déi wichtegst Resultater an Erkenntnisser vun der Sëtzung vum Bierger*innerot, déi den 18. Mäerz 2025 am Kulturzentrum opderschmelz zu Diddeleng ofgehal gouf.
Zweck vun der Sëtzung war et, am Kader vum Ausschaffe vum Diddelenger Kulturentwécklungsplang (KEP), de Bierger*innen hir Meenungen, wat d'Kulturentwécklung vun der Stad Diddeleng ubelaangt, ze erfaassen.
Auteur vum Rapport: Sensity

KONTEXT AN ZILER
Um Workshop hunn 20 Awunner*inne vun Diddeleng esouwéi Vertrieder vun der Gemeng, dorënner de Schäffe Loris Spina an de Félix Bonne, Responsabel vum Service fir Partizipativ Demokratie, deelgeholl. Sensity huet fir d'Moderatioun gesuergt.
D'Participanten a Participanteë sinn iwwer d'Plattform jeparticipe.dudelange.lu mat de partizipative Mechanisme vun der Stad Diddeleng (Bierger*innerot, Bierger*innepanel a partizipative Budget) vertraut gemaach ginn.
Den aktuelle Stand vum Kulturentwécklungsplang ass virgestallt ginn, woubäi de Schwéierpunkt op de wichtegsten Defien a strategesche Prioritéite louch.


METHODOLOGIE
D'Sëtzung gouf a Form vun enger semistrukturéierter Diskussioun ofgehal.
Dëst huet en Equiliber tëschent dirigéierte Froen an engem oppenen Dialog erméiglecht, wat esouwuel den individuellen Ausdrock ewéi och e kollektiven Echange gefërdert huet.
D'Sëtzung huet 4 Haaptvoleten ëmfaasst:
- Kulturellen Engagement – Erfaassung vun de Profiller a kulturelle Praktike vun de Participanten a Participanteën
- Analys vun de Besoinen – Ermëttlung vu Lacunnen an Accessibilitéitsbarriären
- Zukunftsvisiounen – Virstellung vun enger lieweger, inklusiver kultureller Zukunft
- Ofschlossreflexioun – Gruppenofstëmmung a Feedback


WICHTEGST ERKENNTNISSER
Aktuell kulturell Interessien a Praktiken
D'Participanten a Participanteën hu sech iwwer hire Background an hir kulturell Preferenzen ausgetosch, wat déi grouss Villfalt vun den Interessien a béiden Diskussiounsgruppen däitlech gemaach huet.
Schlësselberäicher vum Engagement:
- Industriellt Ierwen an historesch Rondgäng
- Concerten, Live-Musek a Kulturfestivallen
- Bildend Konscht dorënner Molerei, Fotografie, Skulptur
- Theater an duerstellend Konscht
- Literatur a Bicherfoiren
- Interkulturell Fester (z. B. Fête des Migrations)
- Verknëppung vu Sport a Kultur: Wanderen, Vëlossporteventer
- Gemeinschaftsinitiativen a Benevolat a kulturelle Raim

Identifizéiert Besoinen a Barriären
Trotz der Villfalt vun der Kulturoffer zu Diddeleng hunn d'Participanten a Participanteë bestëmmt Lacunnen an Erausfuerderunge festgestallt, déi d'Accessibilitéit oder d'Inklusioun aschränken.
Formats culturels manquants ou sous-représentés :
- Productions théâtrales de qualité
- Spectacles de slam et événements mettant en avant des auteurs-compositeurs-interprètes.
- Activités interactives, en particulier pour les seniors
- Événements mettant en avant les traditions luxembourgeoises (p. ex. Liichtmëssdag)
Problèmes liés à la communication et la planification :
- Chevauchements d’événements planifiés le même jour
- Communication fragmentée entre les acteurs culturels
- Visibilité insuffisante de l’offre culturelle auprès de certaines parties de la population
Limites liées au patrimoine industriel :
- Intérêt pour accroître l'offre de promenades historiques
- Débat autour de l’utilisation de QR codes vs les plaques traditionnelles pour la signalétique patrimoniale
Problèmes liés à l’accessibilité et l'inclusion :
- Rampes inadéquates et accès limité dans certains lieux
- Manque d’activités culturelles adaptées aux personnes présentant un TDAH
- Obstacles institutionnels pour les enseignants souhaitant s’investir dans des projets culturels
- Faible recours au Kulturpass, faute d’une promotion suffisamment claire

Erwaardunge fir d'Zukunft
D'Participanten a Participanteën hunn de Wonsch no enger méi lieweger, méi inklusiver a méi partizipativer Kulturlandschaft zu Diddeleng geäussert.
Iddie fir Eventer an d'Programméierung:
- Weekendconcerte mat bekannten Artisten
- Ëffentlech Dictéeë vun de Walfer Bicherdeeg inspiréiert
- nterkulturell Eventer (Iftar, thailännesche Festival asw.)
- Secondhand-Kulturmäert (Bicher, CDen, Spiller, Placken)

Infrastruktur a kulturell Raim:
- Ëmnotzung vun eidelstoende Gebaier als „Tiers-lieuxen“ fir informell Kultur
- Wonsch no enger Konschtakademie an enger Theaterschoul
- Groussen Interessi un der Renovatioun vum Centre Hild
- Integratioun vun der Kulturplanung an déi zukünfteg Stadentwécklung

Innovatioun am Beräich vum industriellen Ierwen:
- Virschlag fir eng Dauerausstellung iwwer d'Geschicht vun Diddeleng
- Asaz vun der virtueller Realitéit fir déi industriell Vergaangenheet ze exploréieren
- Méi Beschëlderung a Valorisatioun ronderëm de Site Pomhouse

Jugendengagement a stiediwwergräifend Zesummenaarbecht:
- Eventer, déi virtuell a physesch Erfarunge kombinéieren
- Ariichtung vun enger Graffiti-Mauer oder engem Labo fir digital Konscht
- Kulturell Zesummenaarbecht mat Esch, der Stad Lëtzebuerg asw.
- Virschlag fir e Vëlossportevent, deen Diddeleng mat Lauenburg verbënnt
Verbessert Kommunikatiounsmëttel:
- Zentralen digitale Kalenner fir Kultureventer
- Besser Visibilitéit a Benotzerfrëndlechkeet vum Kulturpass

ZESUMMEFAASSUNG

Dës Sëtzung vum Bierger*innerot huet sech op déi kulturell Zukunft vun Diddeleng konzentréiert an de Bierger*innen hir Iwwerleeungen zu bestoende Praktiken, onerfëllte Besoinen a kollektiven Erwaardunge gesammelt.
D'Gespréicher hunn e groussen Interessi fir d'Musek, d'Konscht, d'Kulturierwen an interkulturell Eventer, esouwéi de Wonsch no méi Inklusioun, Accessibilitéit an Innovatioun an der Kulturoffer vun der Stad Diddeleng ervirgehuewen.
Dës Bäiträg bilden d'Grondlag fir den zukünftege Kulturentwécklungsplang vun Diddeleng, dee sech op d'Erfarungen an d'Virstellungskraaft vun de Bierger*inne wäert stëtzen.
Bevirstoend oder lafend Evenementer
Vergaangen Evenementer

Event Datum: Mäerz 18., 2025 vun 18:30 Auer bis 20:30 Auer.
1a Rue du Centenaire
20 Umeldungen
