
BIERGER*INNEROT DIDDELENG 2025 – ZESUMMEN IWWER KULTUR SCHWÄTZEN!
D’Stad Diddeleng invitéiert 20 zoufälleg ausgelousten Awunner*innen (RNPP), fir sech aktiv un der Zukunft vun der Kultur ze bedeelegen! De Bierger*innerot beschäftegt sech all Joers mat engem neien Thema.
2025 steet de Kulturentwécklungsplang (KEP) vun der Stad Diddeleng am Mëttelpunkt. D’Participantë kréien d’Méiglechkeet, direkt mat den Autor*innen vum KEP ze schwätzen an hir Perspektiven anzebréngen. Är Iddie kënnen hëllefen, de Plang un d’Besoine vun den Awunner*innen unzepassen!
🗓️ Dënschdes, 18. Mäerz 2025 – 18:30 bis 20:30
📍CCRD Opderschmelz, 1a, rue du Centenaire, L-3475 Dudelange
👉 Oflaf vum Owend:
- Echange mat den Autor*innen vum KEP
- Diskussioun an Aarbechtsgruppen
- Sammelen an Strukturéiere vun den Iddien fir de Kulturentwécklungsplang
🥪 Fir Gedrénks an eppes Klenges z’iessen ass gesuergt.
All d'Detailer fannt Dir am zweesproochegen Informatiounsblaat
(Franzéisch a Lëtzebuergesch)
Limite fir d'Inscriptioun :
14 Mäerz 2025
Phasen
Inscriptioun
Dës Phase ass fir d'Insciptioun vun de Participanten am Bierger*innerot.
📌 Kuckt no, ob Dir eng schrëftlech Invitatioun per Post krut.
Wann Dir invitéiert gouft, kënnt Dir Iech bis den 14. Mäerz 2025 umellen. All Detailer fannt Dir am Event hei drënner, wou Dir Iech och direkt aschreiwe kënnt.
Bevirstoend oder lafend Evenementer
Vergaangen Evenementer

Event Datum: Mäerz 18., 2025 vun 18:30 Auer bis 20:30 Auer.
1a Rue du Centenaire
20 Umeldungen
