
GEMENGEPAKT // BIERGER*INNEN-ATELIER
D’Stad Diddeleng invitéiert all d'Awunner*innen an och all déi, déi zu Diddeleng schaffen, aktiv un der Gestaltung vun enger méi inklusiver an diverser Gesellschaft matzewierken! No enger éischter Phase vun der Analys an der Diagnos markéiert de Bierger*innen-Atelier déi zweet Etapp vun der Ëmsetzung vum Gemengepakt fir dat Interkulturellt Zesummeliewen.
2025 steet d’Thema Bénévolat an interkulturellt Zesummeliewen am Mëttelpunkt. D’Participanten hunn d’Méiglechkeet, direkt mam Buergermeeschter- a Schäff*innerot ze diskutéieren, hir Erfarungen ze deelen a konkret Moossname fir e bessert Zesummeliewe zu Diddeleng ze entwéckelen.
🗓️ Méindes, 28. Abrëll 2025 | 18:30 - 20:30
📍Hall Polyvalent, 8, route de Bettembourg, L-3429 Dudelang
👉 Oflaf vum Owend:
- Introductioun
- Diskussioun an Aarbechtsgruppen
- Gemeinsam Entwécklung vu konkreten Aktioune fir de Pakt
Afterwork-Format
Wärend dem ganzen Event, gëtt et eppes ze drénken an z'iessen.
Phasen
Inscriptioun
Dës Phase ass fir d'Insciptioun vun de Participanten am Bierger*innen Atelier.
Dir kënnt Iech bis den 23. Abrëll 2025 umellen. All Detailer fannt Dir am Event hei drënner, wou Dir Iech och direkt aschreiwe kënnt.
Bevirstoend oder lafend Evenementer
Vergaangen Evenementer

Event Datum: Abrëll 28., 2025 vun 18:30 Auer bis 20:30 Auer.
8 Route D. Bettembourg
44 Umeldungen
