Wiesselt op den Haaptinhalt

Är Cookie-Astellungen - Ville de Dudelange

D'Akzeptéiere vu Cookien hëlleft eis, dës Plattform ze verbesseren. Liest eis Cookie-Politik.

Ville de Dudelange Home
  • Start
  • Budget Participatif 2026
  • Projeten 2026

Doris de Paoli

Member säit 1. Mee 2024

All Bäiträg, déi vun dësem Benotzer agereecht goufen

Beléift Iddien sinn gelueden.

place Franz Kinnen

Doris de Paoli•2 years ago Als eischt emol, sief gesot dat ech houffrëg sinn, op onst schéint Diddeleng. Och den Zentrum mat sénge Beem, Bänken an "shared-space" as gelongen. Wat manner gelongen as, gesäit een op der place Kinnen. Op een eroff gelaff kënnt, oder aus der Charlotte erop bis dohin, oder vun den Kiirchentraappen eroff kuckt, et kuckt en op e Betongsmier. An Zäiten ewou Versigelungen opgerappt ginn, geouff hei nawell heftëg de konträr gemaach. Nix mat e bessi Platz fir Aan a gréngs. Do sti Bänken op engem Mier aus Beton. Déi puer Dräiecker mat verdrëchenten Hälem, gesinn an dem greousse versigelte Feld nawell armséileg aus. A wéi en Gaardedesigner huet do säin Onwiese gedriwwen? Mir as kloer, dat gelegentlech op der Plaatz Bude stinn, mee do gët et awwer yet Alternativen. Et gëtt ëmmer méi waarm, do as et schéin, fir t'Lokaler ronderem op gréngs, Blumen, Beem a Schied ze kucken. An domaden siefe kéng Blumebacke geméngt. Versiglen an dann e Blumeback drop ze stellen, as de Kombel, vu "mauvais goût", a virun allem Naturfeindlechkeet. Mir rennen a franséisch Dierfer a fannen et romantesch eis ënnert e grousse Baam ze setzen, deen vun enger schéiner Holzbänk emrond gët. Just e Beispill. Et gëtt där massëg. Mäi Virschlag: Op manst eng Insel oprappen, e greoussen Baam dran ze setzen, gréngs a Blumen ronderem e Piedchen ,zu enger oder zweou oder nach besser enger ronner Bänk. Vläit eng Maerchen mat Holzsëtz drop. Voilà!
  • Allgemeng Geschäftsbedéngungen
  • Dateschutzrichtlinn
  • Cookie-Richtlinn
  • Zougänglechkeetserklärung
  • Säiteniwwersiicht
Erméiglecht duerch (Citizen Lab)Go Vocal fréier CitizenLab
Drapeau: FrançaisFR
Drapeau: HrvatskiHR
Drapeau: EnglishEN
Drapeau: DeutschDE
Drapeau: ItalianoIT
Drapeau: PortuguêsPT