Léif Madamm Marie-Anne,
Virop wëlle mir Iech e grousse Merci soen, fir Äre Projet, wou Dir am Kader vun der 2. Éditioun vum Budget Participatif agereecht hutt.
Zesumme mam Service des Travaux Publics, hu mir Äre Projet analyséiert a mussen Iech leider matdeelden, dass en net konnt zréckbehaale ginn.
D’Analyse vu verschiddene Pisten an Terrainen, hunn erginn, dass Stand haut, keen Terrain disponibel ass, fir Äre Projet ëmzesetzen.
Dësen Ëmstand féiere leider dozou, dass Äre Projet sou net Ëmsetzbar ass.
Et ass eis awer wichteg ze ënnersträichen, wéi wichteg Är Mataarbecht an der Gestaltung vum Diddeleng vu Muer ass.
Wann dir nach Froen, respectiv Umierkungen hutt, zéckt net Iech via Mail op biergerbedeelegung@diddeleng.lu oder via Telefon um +352 51 61 21 – 1 bei eis ze mellen.
Léif Gréiss,
Félix Bonne
Service de la Démocratie Participative
Basket zu Bireng
Vun "BUDGET PARTICIPATIF 2024"
Gitt op de Projet
Diddeleng ass eng Staat di bekannt vir de Sport ass. Enner anerem huet den T71 all Joers immens Erfolleger a begeeschtert Jonk an Al. An wärend Joren huet Diddeleng vill sportbegeeschtert Leit duerch de Streetball ugezunn.
Mee momentan feelt et awer u Plaze vir Streetball ze spillen. Di meescht Schoulen hunn Terraine mee di si vir Kanner bestëmmt, an am Quartier Bireng feelt et ganz un sou Strukturen.
Firwat also net en Terrain vir Erwuessener schafen, wou een sech treffe kann an e puer Matcher spille kann ouni de Jonken hir Plazen ewech ze huelen.
De Brill huet/hat Basketskierf mee en Nodeel war nach ëmmer den haarden Bueden wou een sech schnell ka wéidoen.
Offiziell Updaten
Leschten Update: October 24, 2024
Gepost de(n) October 24, 2024
Bonjour,
Nous vous remercions sincèrement d'avoir soumis votre projet dans le cadre du Budget Participatif 2024 de la Ville de Dudelange. Nous apprécions particulièrement votre engagement et vos idées dans l'amélioration du vivre-ensemble dans notre communauté.
Après un examen approfondi de votre proposition par nos services, nous devons malheureusement vous informer que votre projet n’a pas pu être retenu. Une explication détaillée des raisons vous sera communiquée dans les jours à venir.
Nous vous encourageons vivement à poursuivre votre implication et à soumettre de nouvelles idées à l’avenir.
Avec nos salutations distinguées,
Gepost de(n) October 7, 2024
Kommentaren
Kommentéieren ass net méiglech, well dëse Projet momentan net aktiv ass.
Deelen
Gepost vun/vum
Aktuelle Status
NET ËMSETZBAR
