Séance vum Bierger*innerot - 18. Mäerz 2025
Vun "BIERGER*INNEROT DIDDELENG 2025 – ZESUMMEN IWWER KULTUR SCHWÄTZEN!"
Gitt op de Projet
D’Stad Diddeleng invitéiert 20 zoufälleg ausgelousten Awunner*innen (RNPP), fir sech aktiv un der Zukunft vun der Kultur ze bedeelegen! De Bierger*innerot beschäftegt sech all Joers mat engem neien Thema.
2025 steet de Kulturentwécklungsplang (KEP) vun der Stad Diddeleng am Mëttelpunkt. D’Participantë kréien d’Méiglechkeet, direkt mat den Autor*innen vum KEP ze schwätzen an hir Perspektiven anzebréngen. Deng Iddie kënnen hëllefen, de Plang un d’Besoine vun den Awunner*innen unzepassen!
🗓️ Dënschdes, 18. Mäerz 2025 – 18:30 bis 20:30 Auer
📍CCRD Opderschmelz, 1a, rue du Centenaire, L-3475 Dudelange
👉 Oflaf vum Owend:
- Echange mat den Autor*innen vum KEP
- Diskussioun an Aarbechtsgruppen
- Sammelen an Strukturéiere vun den Iddien fir de Kulturentwécklungsplang
🥪 Fir Gedrénks an eppes Klenges z’iessen ass gesuergt.

