Permanence 1 - Budget Participatif
Vun "BUDGET PARTICIPATIF 2026"
Gitt op de Projet
Braucht Dir Hëllef fir Äre Projet anzereechen?
Dir wëllt um Budget Participatif deelhuelen, sidd Iech awer nach net ganz sécher, ob Är Iddi recevabel oder ëmsetzbar ass?
D’Stad Diddeleng invitéiert Iech op eng Permanence, déi fir jiddereen*t op ass. Hei kënnt Dir direkt mam Service vun der Bierger*innebedeelegung schwätzen.
Dës Permanence bitt Iech d’Méiglechkeet:
- méi genee Informatiounen iwwer d’Krittären aus dem Reglement ze kréien;
- ze iwwerpréiwen, ob Äre Projet de Viraussetzungen entsprécht;
- Är Iddi zesummen ze präziséieren, ier Dir se offiziell areecht;
- oder ganz einfach eng Iddi ze diskutéieren, déi nach net developpéiert ass.
Egal ob Äre Projet schonn ausformuléiert ass oder nach am Ufank steet – mir begleeden Iech dobäi, dass Är Iddi d'Chance kritt, ëmgesat ze ginn.
Kommt laanscht a schwätzt mat eis – aus enger Iddi kann e Projet ginn.

